Typ | Universitéit |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Schülerzuel | 9.313 |
September 2020; 1. September 2021 | |
Gegrënnt | 1963 |
Um Spaweck | http://www.sacredheart.edu |
D'Sacred Heart University ass eng kathoulesch Universitéit zu Fairfield am US-amerikanesche Bundesstaat Connecticut. Si gouf 1963 vum Bëschof Walter William Curtis gegrënnt.
Dat éischt Joer hat d'Universitéit 200 Studenten an néng Professeren.[1] 2014-2015 waren et 7.781 Studenten, dovu 4.997 Vollzäitstudenten. 67% ware Studentinnen.[2]
D'Sacred Heart University huet zënter 1991 och e Campus zu Lëtzebuerg am Gebai vun der Chambre des salariés um Kierchbierg, wou si e Master of Business Administration (MBA) ubitt.[3]